D’Foire Agricole d’Ettelbruck, d’Liblingsfoire vun de Kanner

Nieft den Déieren déi geheemelt kënne ginn, deene ville Stänn déi Spillsaachen a gastronomesch Echantillone verschenken, organiséieren eis Aussteller all Joer vill Showen an Atelieren, déi di Kleng wéi och di Al begeeschteren!

Vu Cowboyen op hire Päerd bis zu engem Virtual Reality Erliewnis, kënnen Är Kanner léieren a Spaass derbäi hunn

Wann Dir de Weekend vum 1.-3. Juli e flotten Familljen Ausfluch organiséiere wëllt, da kommt mat bei den Däich zu Ettelbréck!