Déieren ob der Foire Agricole Ettelbruck
Wéi all Joer wäerten eis Ziichteraussteller mat hiren Déieren op der FAE present sinn
An jo, Dir kënnt souguer d’Déieren heemelen a schéin Fotoe maachen!
D’FAE ass och eng gutt Geleeënheet fir datt Kanner (an Erwuessener) d’Uspréch an de Respekt den Déieren géigeniwwer léieren
Kommt vum 1. – 3. Juli 2022 laanscht schéi Spektakelen kucken a besicht d’Zelter, déi speziell fir eis pelzeg Frënn ageriicht sinn, an déi dem Wieder wäerten ugepasst ginn
D’Wuelbefanne vun den Déieren ass eis éischt Prioritéit:
🔹 Iessen a Waasser sinn ëmmer am Iwwerfloss
🔹 Ziichter sinn 24 Stonnen den Dag op der Plaz fir sech ëm d’Déieren ze këmmeren
🔹 Eng Equipe vu Veterinären ass wärend der ganzer FAE op der Plaz
Mir hoffen, datt Dir och e flotten an onvergiesslechen Dag op der FAE 2022 wäert verbréngen
💡 Fir laang Schlaangen ze vermeiden, empfehle mir Iech Är Ticketen op www.fae.lu/tickets ze kafen
🎟 8€/Persoun a gratis fir Kanner